De Film Fong

D'Missioune vum Film Fund Luxembourg (Fonspa) sinn:

  • d'Fërderung vum Filmschafen a vum audiovisueller Schafen an d'Promotioun vun der Entwécklung vum Secteur vun der audiovisueller Produktioun zu Lëtzebuerg, virun allem duerch Subventiounen, finanziell Hëllef, Subsiden, Boursen a Belounungen;
  • d'Ëmsetzung vun der Fërderungspolitik fir de Secteur vun der audiovisueller Produktioun vun der Regierung;
  • d'Zouweisung vun de selektive finanziellen Ënnerstëtzunge fir d'audiovisuell Produktioun, déi duerch dëst Gesetz geschaaft goufen.
  • d'Favoriséiere vun der Ausstrahlung an der Promotioun vun de Lëtzebuerger audiovisuelle Wierker zu Lëtzebuerg an am Ausland;
  • d'Sécherstellung vun der Verwaltung a vum Suivi vun de Wierker, déi vun där enger oder anerer Ënnerstëtzunge profitéieren, déi an dësem Gesetz virgesi sinn;
  • d'Erstellung vun de Statistike betreffend de Secteur vun der audiovisueller Produktioun;
  • Mathëllef un den zoustännege Minister (déi zoustänneg Ministeren) virun allem fir d'Bestëmmung vun den Ziler a fir d'Duerchféiere vun der Ënnerstëtzungspolitik fir d'audiovisuell Produktioun souwéi fir d'Virbereedung vun der Reglementatioun vum entspriechende Secteur;
  • Sécherstellung vum Kontakt mat den internationalen Organismen an Institutiounen déi fir de Secteur vun der Filmproduktioun an audiovisueller Produktioun relevant sinn an Lëtzebuerg bei deenen ze vertrieden;
  • Organisatioun vun der Verdeelung vum Lëtzebuerger Filmpräis, an Zesummenaarbecht mat beruffleche Veräiner vum Secteur vun der audiovisueller Produktioun zu Lëtzebuerg;
  • Realisatioun vun all deenen aneren Missiounen, déi him duerch Gesetzer a Reglementer iwwerlooss gouf;
  • Fërderung vun der Ëmsetzung vun engem strukturelle Fong fir d'privat Investissementer an der audiovisueller Produktioun ze favoriséieren.

Aktualiséiert