24 Projeten ginn an der 2. Sessioun vun dësem Joer vum Filmfong finanziell ënnerstëtzt

24 Projeten ginn an der 2. Sessioun vun dësem Joer vum Filmfong finanziell ënnerstëtzt

24 Filmprojete kréie finanziell Ënnerstëtzung vum Filmfong. Dat huet de Comité de sélection de Méindeg den Owend matgedeelt.

Am Ganze ginn 10 Filmer vun lëtzebuergeschen Auteuren/Réalisateuren ënnerstëtzt.

- De long-métrage de fiction (S)NOWHERE TO GO (aka FLILLEKEN) vum Andy Bausch –

- D'série fiction IMMO SCHROEDER vum Louis Loschetter a Philip Michels

- De long métrage fiction ALPHA AMEN vum Gintaré Parulyte

- De long-métrage animation DRÔLES D'ALLIÉS vum Sophia Kolokouri

- De long-métrage documentaire CECI N'EST PAS UN PORTRAIT vum Donato Rotunno

- De Projet XR TACHYCHRONIE vum Gwenael François;

- De Projet XR INSIDE THERESIENSTADT vum Max Jacoby

- De Projet XR LUXEMBOURG, COEUR BATTANT DE L'EUROPE vum François Le Gall, Marion Guth, Karolina Markiewicz

- De Projet XR ALIVE vum Fred Neuen

- De court-métrage de fiction IMPRÉVISIBLE vum Pascal Thiebaux

De Comité de sélection kënnt all Joers véier Mol zesummen, déi nächst Sessioun wäert dann am Juli 2026 stattfannen.

Déi komplett Lëscht mat alle Projeten, déi zeréckbehalen goufen, fannt Dir am offizielle Pressecommuniqué vum Filmfong.

Organisatioun

Film Fong Lëtzebuerg

Event Datum

11.05.2026