Aktualiséiert den
Ënnerstëtzung fir kreativ Aarbecht: 3 Serieprojete vum Lëtzebuerger Filmfong an RTL ënnerstëtzt
De Lëtzebuerger Filmfong an RTL freeë sech, d'Projeten z'annoncéieren, déi 2024 am Kader vun den zwee Opriff fir Projete fir d'Ënnerstëtzung vun audiovisuelle Konzepter a Formater zréckbehale goufen. Zil vun der Initiativ ass et, d'Kooperatioun ze stäerken an d'Entwécklung vu Serien ze fërderen, déi op de verschiddenen RTL-Kanäl diffuséiert wäerte ginn.
Vun de 17 Proposen, déi agereecht goufen, kréien dräi Projeten elo eng finanziell Ënnerstëtzung bei der Weiderentwécklung vum Dréihbuch an Héicht vun 110.000 Euro.
Hei d'Lëscht vun de selektionnéierte Projeten an de jeeweilege Montanten:
- Verdiewen – Fiktiounsserie – Auteur: Thierry Faber – Produktioun: Samsa Film – 40.000 €
- Immo Schroeder – Fiktiounsserie – Auteur: Louis Loschetter, Philip Michels Produktioun: Philip Michels – 30.000 €
- Troublemaker – D'Serie – Fiktiounsserie – Auteur: Govinda Van Maele, Roxanne Peguet, Andy Bausch – Produktioun: Samsa Film – 40.000 €
Zanter 2011 huet sech d'Partnerschaft tëscht RTL an dem Lëtzebuerger Filmfong als erfollegräich erwisen an d'Entwécklung, Koproduktioun an Diffusioun vun audiovisuelle Contenuen, déi zu Lëtzebuerg konzipéiert goufen, gefërdert.
Duerch dës Kollaboratioun si sëllegen erfollegräich Serien entstanen, dorënner Weemseesdet, Come Back, Zëmmer ze verlounen, routwäissgro, Capitani a Marginal souwéi Jugendprogrammer am Kader vu Kannativi.
Communiqué vum Lëtzebuerger Filmfong