5 Projeten zeréckbehalen am Kader vun den Appeller vun RTL a vum Lëtzebuerger Filmfong fir TV-Konzepter a Formater

RTL an de Lëtzebuerger Filmfong si frou matzedeelen wéi eng Projeten ënnerstëtzt ginn am Kader vun den 3 Appeller, déi fir den Developpement vun TV-Konzepter a Formater gemaach goufen. Dës sollen d'Zesummenaarbecht tëscht dem Lëtzebuerger Filmfong an RTL verstäerken an den Developpement vu Serien encouragéieren, déi op der nationaler Tëlee diffuséiert ginn.

©RTL Visuel vum Appel à projets vun RTL an dem FFL
Visuel vum Appel à projets vun RTL an dem FFL

Vun 31 Projeten déi agereecht goufen, kréien 5 Projeten eng Hëllef fir den Développement vun insgesamt 200.000 Euro.

Hei ass d'Lëscht vun de Projeten déi selectionnéiert goufen a mat jeeweils 40.000 Euro ënnerstëtzt ginn:

1. Fiktiouns-Serien

  • Am Déiwen Däischteren – Auteuren: Eric Lamhène a Rae Lyn Lee
  • Plus One – Auteur: Emile V. Schlesser

2. Kannerserie

  • 3,2,1, Go! – Auteur: Laurent Witz

3. Krimi-Serien

  • Marginal – Auteur: Frédéric Zeimet

Lazarus – Auteur: Bernard Michaux

Communiqué vum Fonds national de soutien à la production audiovisuelle

Aktualiséiert